
© JIJI PRESS/ AFP
U sech ass d’Juegd op Waler zanter 1986 verbueden, well d’Unzuel vun den Déieren ze vill erofgaange sinn. Japan huet sech allerdéngs jorelaang net dru gehale – an dat legal, andeems d'Land sech op eng Konditioun beruff huet, no där de Walfang zu Fuerschungszwecker erlaabt ass.
De Walbestand, esou de japanesche Regierungsspriecher Yoshihide Suga, huet sech antëscht nees e wéineg erholl. Japan huet dofir eng Demande beim IWC gemaach fir nees op d’Juegd ze goen – dat awer ouni Erfolleg. Als Konsequenz trieden d’Japaner aus dem IWC eraus. Am Summer geet de kommerzielle Walfang also nees lass.