NewsZweet Kand stierft un US-Grenz

Bannent engem Mount ass en zweet Flüchtlingskand aus Mëttelamerika un der Grenz mat den USA gestuerwen.

Leschten Update: 27.12.2018, 14:17:05

© Johan ORDONEZ / AFP

Ufank Dezember gouf e klengt Meedchen un der US-Grenz festgeholl. Dëst war aus dem Guatemala geflücht, an ass kuerz drop un de Suitte vun enger Dehydratioun gestuerwen.

Elo soll en 8 Joer ale Bouf ënner Opsiicht vum amerikanesche Grenzschutz gestuerwe sinn, dat aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach. De Jong soll mat Féiwer an d’Spidol ageliwwert gi sinn a gouf nees heemgeschéckt.

Guatemala fuerdert no enger Opklärung vum Fall.