NewsBlesséierter no Äerdbiewen op Sizilien

An der Nuecht vun en Dënschden op e Mëttwoch si 4 weider Leit duerch e Biewen op Sizilien blesséiert ginn.

Leschten Update: 26.12.2018, 10:20:15

© GIOVANNI ISOLINO / AFP

Nom Vulkanausbroch op Sizilien Hellegowend ginn et weiderhin Nobiewen. Dat uergste bis ewell hat eng Stäerkt vu 4,8. 4 Leit goufe blesséiert, wéi de Buedem an der Nuecht op e Mëttwoch gewackelt huet.

Zanter e Méinden huet de Vulkanausbroch ëmmer nees méi a manner staark Biewe mat sech bruecht. Iwwer 130 Nobiewe solle bis ewell gezielt gi sinn. Donieft ass eng 2 Kilometer laang Spléck op der Insel opgaangen.