NewsUS-Police keeft de Leit illegal Waffen of

2000 illegal Waffen, dorënner och Granatewerfer si vun US-Bierger verkaf ginn… un d’Police.

Leschten Update: 26.12.2018, 11:39:17

© Jim WATSON / AFP

Fir d’Waffekriminalitéit ze reduzéieren huet d’Police am US-amerikanesche Baltimore elo eng e bëssen onkonventionell Mesure geholl. Des huet de Bierger ëm déi 2000 Waffen ofkaaft (fir bis zu 500 Dollar pro Waff) déi d’Bierger illegal, also net-registréiert am Besëtz haten.

 

Zil vun der Aktioun war et den illegale Waffebestand erofzekréie wat ergo zu manner Waffekriminilaitéit féiere soll... D’Bierger déi hir Waffe verkaf hunn duerften anonym bleiwen.