
© Sonny TUMBELAKA / AFP
Wéi de Guardian schreift besteet d’Gefor vun engem weideren Tsunami – an dat geschwënn, sou déi zoustänneg lokal Autoritéiten.
Zuel vun den Doudesaffer no der leschter Well ass op 430 geklommen. 159 sollen ëmmer nach vermësst ginn, a bal 22.000 Leit missten hiert Doheem verloossen.
D’Fréiwarnsystemer stinn elo ënner Kritik. Wéi et heescht soll den Tsunami ënner anerem opgrond vun engem „Ënnerwaasser-Äerdrutsch“ entstane sinn. D’Fréiwarnsystemer wieren dofir einfach net equipéiert.