
© Thomas Samson/AFP
Op zwou Milliarden Euro géif sech d'Perte vun de Commerçanten zanter dem Ufank vun de Protester vun de “Giel-Westen” a Frankräich belafen, esou heescht et vum CNCC, dem Conseil national des centres commerciaux.
Dofir wier ee gewëllt d’Solden-Zäit op Ufank Januar no vir ze verleeën, sou datt de Retard e wéineg ageholl ka ginn. Dacks huet et wéinst de Protester Woche gedauert, bis datt d’Supermarchéen hir Wuere geliwwert kruten.
Ausserdeem koumen d’Clienten och net méi esou reegelméisseg. Virun allem iwwert d’Feierdeeg, wat normalerweis eng ganz profitabel Zéit ass, hätten d'Commerçanten dëst gespuert.
D'Gilets jaunes si weiderhinn der Meenung, datt hir Revendicatiounen net erfëllt gi sinn. Dowéinst wéilt een dëse Samschden, an der Silvesternuecht an och während dem nächste Mount nees op d'Stroosse goen. Wéi d'AFP mellt, sollen d'gilets jaunes an de Regioune Marseille, Bordeaux, Rennes wéi och zu Paräis op de Champs Elysées op d'Stroosse goen.
Um Donneschdeg a Freideg hunn eng 50 Demonstrante probéiert, an d'Summerresidenz vum franséische President Macron anzedréngen.