News47-Järege rennt express zu Wolz an e Grupp Leit

Zu Wolz ass et e Mëttwoch Nomëtteg zu engem méi schwéieren Accident komm. Dem Parquet no handelt et sech ëm eng Bezéiungsdot, e Kand huet net iwwerlieft.

03.01.2019, 05:13:19

© Police

Nom uergen Accident zu Wolz e Mëttwoch Nomëtteg huet de Parquet vun Dikrech e Mëttwoch Owend confirméiert, datt et sech beim Accident ëm eng Bezéiungsdot handele géif. E 47-järege Mann ass mat sengem Auto express an e Grupp Leit gerannt, dorënner war och seng Ex-Fra an hiert gemeinsamt Kand. 

D'Kand vun 2 Joer ass am Spidol u senge schwéiere Blessure gestuerwen.

E weidert Kand ass och ënnert den Affer. Wéi et weider vum Parquet heescht, gouf och dëst schwéier blesséiert. Déi 3 Erwuessener goufen och schwéier verwonnt, si koumen deemno an d'Spidol. Der Police no war dat 5. Affer, e Mann dee Moment um Trëttoir getrëppelt, wéi de Chauffer säi Gefier an de Grupp Leit gesteiert hat.

De Mann kënnt dann en Donneschdeg Nomëtteg virun den Untersuchungsriichter.

D'Accident war e Mëttwoch Nomëtteg géint 15.00 Auer an der Rue Grande-Duchesse Charlotte geschitt, op der Plaz waren 2 Helikopteren, op d'mannst 4 Ambulanzen an d'Police. D'Strooss gouf nom Accident fir de Verkéier komplett gespaart.

© Police


Hei d'Schreiwes vum Parquet:

Communiqué du parquet de Diekirch concernant l'accident de Wiltz de cet après-midi

(02.01.2019)

Le parquet de Diekirch tient à préciser que les faits qui ont eu lieu dans l’après-midi du 2 janvier 2019, dans la rue Grande-Duchesse Charlotte à proximité de l’hôpital de Wiltz n’ont pas d’arrière-fond terroriste, mais que le contexte est celui d’un drame relationnel.

Selon les premiers éléments de l’enquête, vers 15 heures, un homme de nationalité luxembourgeoise âgé de 47 ans a heurté délibérément avec sa voiture un groupe de passants. Il y a eu 5 victimes, dont son ex-conjointe ainsi que leur enfant commun âgé de 2 ans. Ce dernier n’a pas survécu à ses blessures.

Les autres personnes blessées, parmi lesquelles un autre enfant en bas âge, sont actuellement hospitalisées.

L’auteur des faits a été arrêté et sera déféré demain après-midi devant le juge d’instruction de Diekirch qui a été requis de mener une information judiciaire notamment des chefs d’assassinat et de meurtre ainsi que de la tentative de ces infractions.

Service communication et presse de la justice