NewsArrestatioun nom Fanne vu verdächtege Päck an Australien

An e puer auslänneschen Ambassaden a Konsulater an Australien si suspekt Päck ukomm. D'Police seet d'Lag wier ënner Kontroll. D'Päck ginn ënnersicht.

Leschten Update: 10.01.2019, 06:28:31

© dpa/AFP/Archiv/Christophe Gateau

Déi australesch Police huet ee Mann festgeholl, dee verdächteg Päck zu Melbourne an zu Canberra un auslännesch Ambassaden a Konsulater geschéckt soll hunn. Den 48 Järege wier hënt a senger Wunneng zu Shepparton festgeholl ginn a soll nach um Donneschdeg viru Geriicht kommen. Hie riskéiert bis zu 10 Joer Prisong. An de Päck war der Police no ee wäisse Polver dat nach ënnersicht gëtt. Bis ewell wieren 29 Päck séchergestallt ginn. Eng Gefor fir d’Ëffentlechkeet géif deemno net bestoen.