NewsTrump fuerdert weiderhi Sue fir seng Mexiko-Mauer

Den US-President wëll Sue fir seng Mexiko-Mauer, dat sot den Trump a senger Ried un d'Natioun. Hie schwätzt vun enge humanitärer an enger Sécherheetskris.

Leschten Update: 09.01.2019, 13:53:52

© POOL/AFP/CARLOS BARRIA

Den US-President huet nach eemol Stëmmung gemaach fir de Bau vun enger ëmstriddener Mauer zu Mexiko. An enger Ried un d’Natioun huet den Trump virun enger Sécherheetskris gewarnt. Hie sot, datt Drogen a Kriminalitéit mat Awanderer iwwert d’Grenze kommen.

Deemno wieren d’Amerikaner a Gefor, sou laang d’Demokraten d’Mauer verhënneren. Déi widderspriechen him a soen déi meescht Droge kommen de Statistiken no iwwert d’Fluchhäfen an d’USA. D'Demokrate wëllen dem Trump keng Sue fir d'Mauer ginn. Hinnen no wier dat net effektiv a vill ze deier.

Kuckt hei seng ganz Ried: