NewsNeie Verdächtegen no Attentater 2015 zu Paräis festgeholl

De Mann dee schonn am Dezember an der Belsch festgeholl gi war gëtt verdächtegt den Terroristen d'Gewierer geliwwert ze hunn.

Leschten Update: 09.01.2019, 12:06:15

© Aurore Belot / AFP

Iwwer 3 Joer no den Attentater zu Paräis den 13. November 2015 ass elo e weidere Verdächtegen an der Belsch festgeholl ginn. Wéi de belsche Parquet de Mëttwoch matdeelt, wier de Mann schonn Enn Dezember festgeholl ginn.

Hie gëtt verdächtegt den Terroristen d'Maschinnegewierer geliwwert ze hunn. Bei den Attacke waren jo 130 Leit ëm d'Liewe komm.