NewsChauffer gëtt schwéier blesséiert an Auto ageklemmt

Tëscht Gouschteng an Uewerdonwen ass et e Mëttwoch de Moie kuerz viru 09.00 Auer zu engem méi schwéieren Accident komm.

Leschten Update: 09.01.2019, 17:42:20

© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel

E Chauffer hat an enger Rietskéier d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass op der Géigespur an e Camion gerannt. De Won ass an de Gruef geschleidert ginn an de Chauffer gouf ageklemmt.

Hien huet deemno vun de Rettungsdéngschter aus sengem Gefier missten erausgeschnidde ginn. De Chauffer ass mat schwéiere Blessuren an d'Spidol komm.

D'Police preziséiert, datt keng Liewensgefor bestanen hätt.