NewsTäter soll Passwierder vu Politiker am Darknet kaf hunn

Nom massiven Dateklau an Däitschland ginn et nei Detailer: anscheinend hätt den Täter och een Deel vun de geklauten Daten am sou genannten Darknet kaf.

Leschten Update: 10.01.2019, 19:50:56

© dpa/AFP/Archiv/Oliver Berg

Nom groussen Dateklau an Däitschland ginn et nei Informatiounen. Deeler vun den publizéierten Date vu bal 1.000 Politiker a Prominenter sollen anscheinend aus dem sou genannten Darknet kommen. Der "Bild"-Zeitung no soll den 20-järege Schüler aus Hessen déi geklauten Date wuel net all selwer gehackt hunn. Deemno soll hien ënner anerem Zougangsdate fir Social Media Konten am Darknet kaf hunn. D'Ermëttler hunn dës Meldung awer am Laf vum Donneschdeg zeréckgewisen. Deemno kéint een dës Informatioun net confirméieren. D'Enquête wier nach amgaangen, esou d'Noriichtenagence AFP.