NewsWeiderhin héich Lawinegefor an den Alpen

An den Alpen fält nach ëmmer vill Schnéi. D'Lawinegefor bleift weiderhin héich. E Mëttwoch gouf et duerch eng Lawin nees een Doudegen.

Leschten Update: 10.01.2019, 10:33:45

© AFP/JEAN-PIERRE CLATOT

Fir d’Mënschen an den Alpen gëtt et nach keng Entwarnung. De Wiederexperten no wäert et nach bis e Freideg viru schneien. A ville Regiounen ass d’Lawinegefor weiderhin héich. An Éisträich ass e Mëttwoch ee 16-järege Mann duerch eng Lawin ëm d’Liewe komm. Hie war zu Sankt Anton am Arlberg am Tirol mat senger Famill ënnerwee, wéi hie vun de Schnéimasse matgerappt gouf.