NewsProzess-Optakt ëm d'Attack op e jiddesche Musée zu Bréissel

No der Attack op ee jiddesche Musée zu Bréissel am Joer 2014 fänkt um Donneschdeg de Prozess géint den Täter a säi Kompliz un.

Leschten Update: 10.01.2019, 07:01:10

© AFP/EMMANUEL DUNAND

Zu Bréissel fänkt um Donneschdeg de Prozess ëm d’Attack op de jiddesche Musée an der belscher Haaptstad am Joer 2014 un. Den Haaptverdächtegen a säi presuméierte Kompliz kréie virgeheit, deemools 4 Mënschen erschoss ze hunn. Den Haaptverdächtege seet hie wier net deen, dee geschoss hätt. Am Laf vum Prozess géint déi Zwee solle bis zu 200 Zeie gehéiert ginn. D’Uerteel soll am Februar gesprach ginn. Den Haaptverdächtege soll virun der Attack un der Säit vun islamisteschen Extremisten a Syrien gekämpft hunn.