NewsEeler Facebook-Notzer deele méi dacks Fake News

Eeler a konservativ Facebook-Notzer deele méi dacks Fake News am sozialen Netzwierk wéi Anerer. Dat geet aus enger neier Etüd ervir.

Leschten Update: 10.01.2019, 07:45:19

© Christophe SIMON / AFP

Notzer am Alter vu 65 Joer oder méi al deele bal 7 mol méi Fake News Artikel op Facebook wéi 18- bis 29-Järeger. Dat geet aus enger Etüd vun den Universitéite Princeton an New York ervir, déi e Mëttwoch verëffentlecht gouf. Fir d'Etüd hunn d'Auteuren d'Facebook-Noriichte vu bal 1.200 Mënschen an den USA iwwerpréift.

Al a konservativ Leit

D'Fuerscher hunn déi vun Notzer gedeelte Links mat e puer Lëschte vun Internetsäite verglach, déi dofir bekannt sinn, Fake News ze verbreeden. D'Etüd déi am "Science Advances" Magasinn publizéiert gouf, beseet dass nëmmen 8,5 Prozent vun de Probanden ee Link vun enger vun dëse Säite gedeelt haten. Dës waren allerdéngs dacks méi al.

D'Auteure begrënnen d'Resultat domat, dat méi eeler Mënschen net esou eng grouss digital Mediekompetenz an ee méi schlecht Erënnerungsverméigen hunn.

Méi Republikaner wéi Demokraten

Dass elo méi Republikaner wéi Demokrate Fake News verbreeden, léich wahrscheinlech dorunner, dass wärend dem Presidentschafts-Walkampf 2016 déi meescht Fake News positiv iwwert den Trump bericht hunn. Wiere méi Fake News "pro Clinton" amplaz "pro Trump" gewiescht, hätte méiglecherweis méi Liberaler wéi Konservativer dës Contenue gedeelt, soen d'Fuerscher.