NewsStéierungen an Annulatiounen op den Zuchlinne 60 an 30

Wéi et vun den CFL heescht ginn et zanter den Donneschdeg op verschiddene Linne Stéierungen. Bis den 10. Januar wäerten op enger Linn keng Zich fueren.

Leschten Update: 10.01.2019, 18:15:48

© Eldo

Deemno gëtt et op der Linn 60 en Enkpass mam Material, dofir sinn d'Zich tëscht Esch an Audun-le-Tiche annuléiert. Déi ginn duerch Busser ersat. Dat selwecht och tëscht Näerzeng a Rëmeleng, hei sollt een de Bus 197 huelen.

Op der Linn 30 muss een iwwerdeems och mat Problemer tëscht Lëtzebuerg a Koblenz a béid Direktioune rechnen, dat wéinst technesche Problemer zu Wittlich an Däitschland.

Hei d'Informatioune vum CFL-Site: