NewsPresséierte Chauffer attackéiert Mann zu Mamer

An der Bartrenger-Strooss zu Mamer ass de Mëttwoch e Sträit tëscht 2 Chaufferen nawell uerdentlech eskaléiert.

Leschten Update: 10.01.2019, 14:32:48

© dpa-AFP-Archiv-Armin Weigel

Deemno ass een Automobilist um Wee vun Dippech op Mamer ze no op de Won virun him opgefuer. Zu Mamer op Héicht vun der Sportshal ass deen, dee gedirängelt huet dunn aus sengem Won geklommen, huet de Chauffer virun him mam Dout menacéiert, beleidegt an op d'Broscht geschloen.

Duerno wollt en nach e Messer aus sengem Won huelen, dat konnten 2 Zeien awer verhënneren.

Den Ugräifer huet sech dunn duerch d'Bascht gemaach. Seng Identitéit konnt awer ermëttelt ginn a géint hien leeft elo eng Enquête.