NewsBrutalen Iwwerfall op Fra zu Esch

De Mëttwoch den Owend krut eng Fra zu Esch an der Rue du Canal d'Posch geklaut. En Täter huet hier dobäi Mond an Nues zougehalen an se op de Buedem gehäit.

Leschten Update: 10.01.2019, 13:14:36

© Eldo

De Mëttwoch den Owend gouf zu Esch an der Rue du Canal eng Fra vun 2 jonke Männer brutal iwwerfall, dobäi krut si hir Posch geklaut.

D'Männer haten sech un Fra erugeschlach, ee vun hinnen huet hir de Mond an d'Nues zougehalen an se op de Buedem gehäit. Deen aneren huet d'Posch geholl an déi 2 hu sech a Richtung Zentrum duerch d'Bascht gemaach.

Béid Täter konnte bis ewell net fonnt ginn.