NewsPlafong an der Hal zu Zéisseng deelweis erofgefall

Well Waasser um Niveau vum Daach vum Gebai eragelaf ass, muss dee gefléckt ginn. Dofir ass d'Hal bis den 18. Januar nach mat zou.

Leschten Update: 10.01.2019, 17:01:04

© Eldo

Bis nach den 18. Januar ass d'Sportshal an der Rue St. Joseph zu Zéisseng zou, dat well den Dach do muss gefléckt ginn. Wéi et vun der Stater Gemengeverwaltung heescht wier do Waasser um Niveau vum Daach vum Gebai eragelaf.

Op Fotoen ass ze gesinn, wéi e Stéck vum Plafond bannen an der Hal erofhänkt a Stécker um Buedem leien. Bei dësem Tëschefall gouf der Stater Gemeng no kee blesséiert







© Eldo