NewsSchnéi + Glëtz um Freideg Moien am Beruffstraffik

Bis zu 3cm Neischnéi sinn de Moien am Beruffstraffik méiglech.

Leschten Update: 11.01.2019, 04:20:30

© AFP/Archives/THIERRY ZOCCOLAN

Meteolux huet um Freideg Moien eng "vigilance jaune" erausginn. Deemno ass fir d'ganz Land mat Schnéi ze rechnen.

Aktuelle Previsiounen no wäert et tëscht 6 a 7 Auer ufänke mat schneien.

Lokal kënnen et Meteolux no tëscht 2 an 3 Zantimeter ginn. Bis 13.00 Auer e Freideg de Mëtteg kann et schneien.

Nieft dem Schnéi kéint awer och Glëtz fir Problemer suergen. Tëscht 11.00 an 13.00 Auer geet de Schnéi a Reen iwwer. Well d'Stroossen nach ëmmer gefruer, an d'Temperaturen ënner 0 sinn besteet de Risk op glat Stroossen.

Am Nomëtteg berouegt sech d'Situatioun, an d'Temperature klammen nees iwwer 0!

Och de Weekend gëtt ëmmer nees naass, dat awer bei Temperaturen däitlech iwwer 0 Grad.

© Screenshot Meteolux