NewsBal 60% vu franséische Radare goufen neutraliséiert

Bal 60% vun de Radaren op de franséische Stroosse sinn zënter dem Ufank vun der gilets jaunes-Beweegung zerstéiert, futti gemaach oder a Brand gesat ginn.

Leschten Update: 10.01.2019, 16:09:21

© PASCAL GUYOT / AFP

Dat huet de franséischen Inneminister Christophe Castaner confirméiert. Den offiziellen Zuelen no ginn et a Frankräich ongeféier 3.200 stationär Radaren, 2.500 dovunner moossen d'Vitess.

Et ass domat awer net direkt gesot ginn, datt d'gilets jaunes dofir responsabel wieren, ma dem Castaner no, wieren awer Videoen opgetaucht, op deenen dëst ze gesi wier.

E futtisse Radar ka mat 30.000 Euro an 2 Joer Prisong bestrooft ginn, ass de Radar komplett zerstéiert gi sinn et 75.000 Euro a 5 Joer Prisong.