NewsWéini kënnt de gratis ëffentlechen Transport?

Den Datum vum gratis ëffentlechen Transport steet fest - sou seet et den Tweet vun der Chamber en Donneschdeg. An 10 Deeg gëtt deemno méi dozou gesot.

Leschten Update: 10.01.2019, 17:11:01

© Eldoradio

Wéi d'Chamber en Donneschdeg an engem Tweet matgedeelt huet, soll de geneeën Datum vum gratis ëffentlechen Transport an 10 Deeg matgedeelt ginn. Bis ewell war da vum Joer 2020 riets, e geneeën Datum gouf awer net genannt. De gratis ëffentlechen Transport ass jo ee vun de grousse Punkten am Koalitiounsaccord.

De Mobilitéitsminister François Bausch huet dat en Donneschdeg am Kader vun der Presentatioun vun de Prioritéite vum Regierungsaccord a Punkto Mobilitéit ugekënnegt. Schonn am Virfeld hat d'Regierung matgedeelt, datt fir den 21. Januar eng Pressekonferenz zu deem Sujet ofgehale gëtt.

De Minister Bausch huet da preziséiert, datt d'Kontrolleuren net aus den Zich verschwanne wäerten. Et wier een de Moment am Gespréich mat de CFL, fir nei Missioune fir d'Kontrolleuren auszeschaffen. Weider Detailer ginn et hei!