NewsGefälschte Permis, Fahrerflucht an Alkohol um Steier

D'Police hat en Donneschden Owend an e puer Stonne méi spéit mat 3 Chaufferen ze dinn, déi negativ opgefall waren.

Leschten Update: 10.01.2019, 18:48:04

© Eldoradio

Fahrerflucht an Alkohol um Steier:

Eng Fra war en Donneschdeg den Owend géint 18.40 Auer an der avenue de la Liberté zu Nidderkuer enger anerer Automobilistin opgefuer, huet sech awer aplaz stoen ze bleiwen duerch d'Bascht gemaach. Dobäi war d'Fra dem Bäifuerer vum aneren Auto nach iwwert de Fouss gefuer. Di alkoholiséiert Automobilistin ass mi spéit doheem ugetraff ginn. Um Policebüro huet d'Fra sech wéineg kooperativ gewisen a huet nach wärend der Befroung de Büro nees verlooss. Elo leeft eng Plainte géint d'Fra.

Alkoholiséierte Mann mat gefälschtem Führerschäin an "Schlagringe" ënnerwee:

Géint 00.40 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg ass beim Raemerecher Rondpoint en Auto kontrolléiert ginn, bei deem de Contrôle Technique schonn zënter September 2018 ofgelaf war. Weider stoung de Chauffer ënnert Alkoholafloss. Ma bei der Iwwerpréiwung vum Permis ass dunn erauskomm, datt dëse gefälscht war. Weider hat de Chauffer ënner Kokain, zwee "Schlagringe" an Drogenutensilien bei sech. Alles ass saiséiert ginn an et goufen deementspriechend Protokoller ausgestallt.

50 Gramm Marihuana bei Verkéierskontroll séchergestallt:

D'Police hat dann nach géint 02.00 Auer en Auto mat lafendem Motor an der rue du Moulin an der Stad op engem Parking gesinn, wéi de Mann d'Beamte gesinn hat, wollt sech dësen duerch d'Bascht maachen. Eréischt an der rue de la Tour Jacob konnt den Auto gestoppt ginn. Bei der Kontroll ass de Beamten e séissleche Geroch opgefall, doropshi gouf en Drogentest gemaach, dee positiv war. Am Gefier a beim Mann selwer sinn nach knapp 50 Gramm Marihuana fonnt ginn. Zënter Abrëll 2018 war iwwerdeems och de Contrôle Technique ofgelaf. Wéinst dem positiven Drogentest koum de Mann fir eng Bluttanalys an d'Spidol.