NewsPolice vu Las Vegas fuerdert DNA-Prouf vum Cristiano Ronaldo

D'Police vu Las Vegas wëll eng DNA-Prouf vum Fussball-Star Cristiano Ronaldo. Géint de Portugis ginn et Vergewaltegungsvirwërf.

Leschten Update: 11.01.2019, 09:32:40

© SID/MARCO BERTORELLO

Géint de Fussball-Star Cristiano Ronaldo ginn et Vergewaltegungsvirwërf. D’Police zu Las Vegas huet bei den italieneschen Autoritéiten eng DNA-Prouf vum portugisesche Fussballer ugefuerdert. Dat mellt de Wall Street Journal. De Ronaldo spillt de Moment an Italien fir Juventus Turin.

Eng Amerikanerin geheit him vir, si 2009 vergewaltegt ze hunn. Hien hätt d’Fra zu Las Vegas an enger Disko kennegeléiert, a säin Hotelszëmmer agelueden a se do vergewaltegt, heescht et an der Uklo. Als Beweis gëtt ee Kleed genannt, dat d’Fra deemools unhat. Un dësem wier eng aner DNA wéi hir festgestallt ginn.