NewsZu Alzeng hunn direkt e puer Autoe gebrannt

Zu Alzeng hunn e Freideg de Mueren direkte puer Autoe gebrannt. Eréischt den 1. + 3. Januar hunn zu Bouneweg een, an zu Réiser an Hesper 2 Autoe gebrannt.

Leschten Update: 11.01.2019, 09:40:15

© CIS Hesper

Wéi den 112 um fréie Freidegmuere gemellt hat, hunn an der Route de Thionville zu Alzeng e Freideg de Muere kuerz no 04h00 direkt 4 Autoe gebrannt. Am Police-Bulletin ass méi spéit allerdéngs vun 3 Autoe riets gewiescht. Deemno wier ee geruff ginn well een Auto gebrannt huet an d'Feier op 2 weider Autoen iwwergaangen ass. Blesséiert gouf keen. Brandstëftung gëtt net ausgeschloss. De Parquet gouf informéiert an eng Enquête gouf an d'Weeër geleet.

Schonn den 1. Januar stoung zu Bouneweg een Auto a Flamen. Zu Réiser an zu Hesper haten den 3. Januar zwee Autoe gebrannt. Och hei gëtt Brandstëftung net ausgeschloss.

© CIS HESPER