NewsSécherheetsübung um Belval mat bal 2.000 Leit

Wat wier wann et een Ugrëff op d'Rockhal um Belval géif ginn? Dat hu Police a Rettungsdéngschter wéi och Fräiwëlleger um Samschdeg simuléiert.

Leschten Update: 14.01.2019, 05:00:20

© SIP Julien Warnand, tous droits réservés

E Samschdeg war um Belval ee gréissere Sécherheets-Exercice vun der Police a vun de Rettungsdéngschter. Dësen Exercice gouf vun der Regierung respektiv vun der Police a vun de Rettungsdéngschter am Virfeld matgedeelt, fir dass keng Panik an der Bevëlkerung entsteet. 

Sou eng Sécherheetsübung gëtt ëmmer nees gemaach. Dem Guy Schuller, Direkter vum Service de communication de crise no huet een sech ronn 7 Méint virbereet. Hien huet präziséiert dass d'Rockhal selwer eng Demande fir esou eng Übung gemaach hätt. Déi Leit déi bei der Übung matgemaach hunn, souwuel Police a Rettungsdéngschter wéi och d'Statisten an der Rockhal an am CHEM, goufen iwwregens am Virfeld net iwwert de geneeën Oflaf vun der Übung informéiert, fir dass d'Übung eben esou reell wéi méiglech ass, soss hätt dat Ganzt net vill Sënn gemaach.

Wier et wärend der Übung zu engem Eeschtfall komm, wier dës Übung direkt mat engem Code ofgebrach ginn, esou de Guy Schuller weider. 

© Eldoradio


Konkret gouf eng terroristesch Attack wärend engem Concert an der Rockhal mat honnerte vu Leit simuléiert. Et goufe Schéissereien, Explosiounen respektiv eng Interventioun vun der Police an de Rettungsdéngschter. De ganzen Zeenario huet sech an a ronderëm d'Rockhal an am CHEM (Centre hospitalier Emile Mayrisch) ofgespillt. 

Säitens der Police waren eng 300 Leit am Asaz, och d'Spezialunitéit war op der Plaz. Och bei de Rettungsdéngschter waren et eng 300 Leit déi um Exercice deelgeholl hunn. Een Drëttel vun de Rettungsdéngschter sinn aus der Groussregioun komm. Do dernieft waren och iwwer 400 Leit aus dem LTPS mat dobäi. Am Ganze waren et iwwer 1.000 Statisten, esou de Guy Schuller géintiwwer der Press. Wann een déi ganz Organisatioun kuckt, da waren et bal 2.000 Leit déi bei der Sécherheetsübung am Asaz waren.

Wéi ass dat Ganzt ofgelaf? Wat gouf konkret simuléiert?

Um 10h30 huet an der Rockhal den ausverkaafte Concert vun engem DJ ugefaangen. Eng hallef Stonn méi spéit géint 11h00 hu 5 Terroriste virun der Rockhal geschoss. 1 Terrorist huet sech virun der Concertshal mat enger Sprengstoffvest an d'Luucht gesprengt. Duerno sinn déi aner 4 Terroristen an d'Hal gelaf an hunn op d'Leit geschoss. Méi spéit gouf et dann nach eng fiktiv Geiselnam mat 25 Leit. De Bilan vun de sou genannten "Affer" wärend der Übung: Honnert Doudeger an honnerte Blesséierter. Géint 16h00 war d'Übung eriwwer.

© Police


© Police


© Police


© Police


© Police


© Police


© Police


© Eldoradio






Iert d'Übung ugefaangen huet, kruten d'Statiste gesot wéi eng Roll si beim Exercice ze spillen hunn. Fir déi Leit deenen d'Übung ze vill ginn ass, war de Groupe de support psychologique op der Plaz fir dës Leit ze betreien. Dem Guy Schuller no, wier et nämlech méiglech, dass Leit, och wann et eng Übung ass déi sech jo reell ofspillt, dëst net verdroen.

Wichteg ass den Oflaf vun der Kommunikatioun um Terrain

Nodeems d'Terroristen an d'Hal gaange sinn, hate well vill Leit bei der Police respektiv um 112 ugeruff. Dat Ganzt gouf beim CGDIS och esou ofgespillt wéi wann et reell wier. Sou sinn eng 50 fiktiv Appeller beim 112 agaangen. A sou engem Fall muss séier reagéiert ginn a séier muss een Dispositif vu Police a Rettungsdéngschter op der Plaz sinn. Direkt ginn a sou engem Fall ee sou genannten "poste médicale avancé" an ee sou genannten "poste de commandement" op der Plaz ageriicht. Dem Cédric Ganzter Spriecher vum CGDIS no wier d'Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Acteuren um Terrain wichteg. Et muss ee kucke wéi et mat Blesséierter ausgesäit an déi esou séier wéi méiglech an ee Spidol ze kréien. An der concernéierter Ëmgéigend gëtt et deemno just 1 gréissert d'Spidol. D'Challenge ass et esou vill Leit wéi méiglech am Spidol opzehuelen, esou den Dr. Hansjörg Reimer Direkter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch.

© Eldoradio


© Eldoradio


© CHEM (Am CHEM gouf eng sou genannte cellule de crise ageriicht wou 7 Leit am Asaz waren)


© CHEM


© Eldoradio


© Eldoradio


Den Escher Buergermeeschter Georges Mischo wéi och de Premier Xavier Bettel, déi nei Inneministesch Taina Bofferding, den neie Policeminister François Bausch an de Justizminister Felix Braz waren op der Plaz fir sech ee Bild vum Oflaf vun der Übung ze maachen. Hinne war et wichteg mat de Leit um Terrain ze schwätzen a sech driwwer z'informéieren ob alles sou verlaf ass wéi een dat wollt. 

© Eldoradio


© SIP Charles Caratini, tous droits réservés


No der Sécherheetsübung zéien déi verschidde Servicer de Bilan, eenzel an zesummen. Dat kann e puer Wochen daueren. Gekuckt gëtt ob alles esou verlaf ass wéi et am Eeschtfall sollt sinn, respektiv et gëtt gekuckt wou nach nogebessert ka ginn, fir dat Ganzt eben ze optimiséieren.