NewsAndy Murray annoncéiert Enn vu senger Karriär

Den Tennis-Profi Andy Murray huet d'Enn vu senger Karriär annoncéiert. Dat wéinst Hëft-Problemer. Méiglecherweis ass schonn no den Australian Open Schluss.

Leschten Update: 11.01.2019, 10:36:23

© AFP/William WEST

Déi fréier Nummer 1 am Tennis, den Andy Murray huet elo d’Enn vu senger Karriär annoncéiert. Den 31-järege Sportler huet op enger Pressekonferenz ënner Tréine gesot, datt hie staark Hëft-Problemer hätt. D'Péng wier einfach ze staark fir virun ze fueren. Méiglecherweis wäert hien no den Australien Open ophalen, spéitstens awer am Summer zu Wimbledon.