NewsPersoun um Zebrasträif op der Kockelscheier ugestouss

E Freideg de Moien ass e Mann op der Kockelscheier ugestouss ginn, wéi hien iwwert den Zebrasträif goe wollt. Hie gouf dobäi schwéier blesséiert.

Leschten Update: 11.01.2019, 16:41:18

© Police

E Freideg géint 08.00 Auer ass eng Persoun um Zebrasträif op der Héicht vum Camping op der Kockelscheier ugestouss ginn, méi genee an der route de Luxembourg.

Een Auto, deen aus Richtung Beetebuerg ënnerwee war, hat de Mann op senger Trottinett net gesinn a konnt d'Accident net méi verhënneren.

Nach op der Plaz ass de schwéier blesséierte Mann vum SAMU versuergt ginn a koum an d'Spidol.

© Police