NewsGedenkmarsch um Samschdeg fir d'Affer vu Wolz

Nom Familljendrama vum 2. Januar, bei deem ee Kand ëm d'Liewe koum, war um Samschdeg um 15h eng Gedenkminutt op der Onglécksplaz.

Leschten Update: 12.01.2019, 21:44:27

© Police

Nom Familljendrama zu Wolz ass um Samschdeg den Affer geduecht ginn. Deeler vu  der Rue Grande-Duchesse Charlotte ware wéinst dem Trauermarsch gespaart ginn. Den 2. Januar war jo een Auto an ee Grupp vu Leit gerannt.

Een 2 Joer alt Kand ass dobäi ëm d’Liewe komm. 3 weider Persoune goufe schwéier blesséiert.

De Chauffeur vum Auto war de Papp vum Kand. Hie riskéiert liewenslaange Prisong.