NewsMann stierft bei Gilets Jaunes-Protest an der Belsch

A Frankräich si bei "gilets jaunes"-Protester scho 6 Mënschen ëm d'Liewe komm. Elo gëtt et och an der Belsch een Doudesaffer.

Leschten Update: 12.01.2019, 21:39:33

Bei de Protester vun de Gilets Jaunes ass fir d’éischte Kéier och an der belsch eng Persoun ëm d’Liewe komm. Ee Camion huet de Mann dee bei enger Stroossespär op enger Autobunn manifestéiert hat, net gesinn an iwwerrannt. D’Affer ass nach op der Onglécksplaz gestuerwen.

A Frankräich ginn dëse Samschdeg nei Protester vun de Gilets Jaunes erwaart, déi gréisst dovun zu Paräis an zu Bourges. Am ganze Land sinn 80.000 Secherheetsleit am Asaz.