News4 Doudeger bei Explosioun a Paräisser Bäckerei

Zu Paräis gouf et e Samschdeg de Mueren eng gréisser Explosioun an enger Bäckerei. 4 Persoune sinn ëm d'Liewe komm a weiderer goufe blesséiert.

Leschten Update: 13.01.2019, 12:09:40

An enger Bäckerei am Zentrum vu Paräis gouf et dëse Samschdeg Mueren eng schwéier Explosioun. Haiser an Autoe goufe beschiedegt. 4 Persoune sinn ëm d'Liewe komm. 46 Leit goufe blesséiert, vill vun hinne sinn an engem kriteschen Zoustand.

Wéi et zu der Explosioun komm ass, gouf nach net matgedeelt. D'Enquêteuren ginn awer dovunner aus, dass eng Gasfuite d'Explosioun kéint ausgeléist hunn.









© afp


Eréischt de Sonndeg de Mueren huet de Parquet zu Paräis matgedeelt, dass ënnert den Iwwerreschter vum Gebai nach e weidert Affer fonnt gouf.