NewsFra erwächt wéi den Déif an der Schlofkummer steet

An der Nuecht op e Samschdeg goufen et nees Abréch. Déi Kéier zu Hesper an zu Esch. Zu Hesper stoung den Déif an der Schlofkummer vum Hausbewunner...

Leschten Update: 12.01.2019, 21:46:54

© Eldoradio

Eng Kéier géint 11 Auer owes zu Esch, an der Rue des Argentins. Hei sinn zwee Abriecher an ee Familljenhaus agebrach. Di zwee Täter sinn iwwert de Keller erakomm. D’Hausbesëtzerin ass op verdächteg Geräischer opmierksam ginn. Wei si d’Hausdier opgemaach huet, konnt si erkennen datt d’Kellerdier op stoung. Dobäi konnt si déi zwee Déiwen erkenne wei déi a Richtung Rue du Canal geflücht sinn. Déi zwee Täter konnte kuerz Zéit drop vun der Police ofgefaange ginn. Béid Männer hunn den Abroch dann och direkt zouginn.

Géint 5 Auer moies ass et och zu Hesper, an der Route de Thionville, zu engem méi aussergewéinlechen Abroch komm. Hei stoung nämlech den Abriecher an der Schlofkummer vun der Bewunnerin. Wei déijéineg duerch déi suspekt Geräischer erwächt ass, ass den Déif aus dem Haus geflücht. Den Déif konnt net vun der Police erëmfonnt ginn. Ausserdeem huet den Täter Boergeld a Bijoue matgoe gelooss.