NewsLäich vu 25-järegem Mann zu Biwels fonnt

Nodeems d'Police e Mëttwoch de Mëtteg d'Vermësstemeldung erausginn hat, ass owes matgedeelt ginn, datt d'Läich vum Vermësste fonnt ginn ass.

Leschten Update: 17.01.2019, 07:26:10

© Eldoradio

Zënter dem 7. Januar gouf ee 25-järege Mann vu Biwels vermësst, elo gouf seng Läich fonnt. Wéi d’Police matgedeelt huet, gouf d’Läich vum Mann an der Géigend vun engem Feldwee zu Biwels fonnt. Fir déi genee Doudesursaach ze klären, huet den zoustännege Parquet eng Autopsie ugefrot.