NewsMillioune geklaute Passwierder am Internet opgetaucht

Wéi et vum IT-Expert a Microsoft-Mataarbechter Troy Hunt heescht, wieren Notzer op der ganzer Welt vun dësem Dateklau betraff.

Leschten Update: 18.01.2019, 06:35:57

© Pixabay

Am Internet soll eng enorm Mass un Date mat geklauten E-Mail-Adressen a Passwierder fonnt gi sinn. Wéi et vum australeschen IT-Expert Troy Hunt heescht, wiere knapp 773 Millioune verschidden E-Mail-Adresse an iwwer 21 Millioune Passwierder fräi zougänglech.

Betraff sollen Internetnotzer weltwäit sinn.

Ob een och vun dësem enormen Dateklau betraff ass, kann een op der Säit vum Microsoft-Mataarbechter iwwerpréiwen, dat ënner haveibeenpwned.com.

Links