NewsTrump bitt Zougeständnesser bei der Awanderung un

Den Trump wëll verschidden Awanderungsgruppen e verlängert Openthaltsrecht ginn, wann hien dofir d'Zoustëmmung déi geplante Mauer kritt.

Leschten Update: 20.01.2019, 11:32:06

© ROBYN BECK / AFP

E Samschdeg den Owend huet den US-President Trump eng Propose am Sträit ëm en Enn vun der Budgetsspär annoncéiert. Hien huet ugebueden, verschidden Awanderungsgruppen e virleefegen Openthaltsstatus ze ginn an d'Openthaltsrecht ze verlängeren. Vun dëser Moossnam géife ronn eng Millioun Leit profitéieren, déi de Moment riskéieren, ausgewisen ze ginn.

Am Géigenzuch erwaart hie vun den Demokraten eng Zoustëmmung fir seng geplangte Mauer un der Grenz vu Mexiko.

Den US-President well mat dësem Virschlag dem sougenannte "Shutdown" en Enn setzen. Dësen dauert elo schonn 29 Deeg. Zënterhier kréie ronn 800.000 Mënsche keng Pai méi. D'Demokraten hunn dem Trump seng Propose awer scho refuséiert.