NewsGrouss Manifestatioun fir e sënnvolle Stage

D'Gewerkschaft SEW/OGBL hat e Samschdeg zu enger Protestmanifestatioun opgeruff, wou et ëm ee méi sënnvolle Stage am Fondamental gaangen ass.

Leschten Update: 21.01.2019, 12:54:32

© Screenshot Facebook SEW/Ogbl- Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft

E Samschdeg den Moien hu sech eng ronn 250 Enseignanten am Casino zu Bouneweg versammelt. Si hu "fir e sënnvolle Stage" am Fondamental manifestéiert. Den SEW/OGBL hat zu dëser Protestmanifestatioun opgeruff.

Vill diploméiert Enseignanten, déi am Stage oder domat fäerdeg sinn, sinn onzefridden. Si verlaangen e sënnvolle Stage, dee begleet an ënnerstëtzt, an engem d'Zäit net klaut an net ënner Drock setzt. Verschidden Aspekter vum aktuelle Stage, deen zwee Joer dauert, wieren iwwerflësseg. Esou wiere verschidde Course vum Stage just Widderhuelung vun deem, wat ee schonn op der Uni geléiert hätt.

Weider heescht e vum SEW:

"Mir brauchen e sënnvolle Stage, bei dem de Stagiaire encadréiert gëtt a bei senger schwiereger Missioun a sengen éischte Jore gehollef kritt, an dat an enger Ambiance gepräägt vu Vertrauen.
D’Stagiairen dierfen och net weider de Spillball vun enger Politik sinn, wou e Stage just agefouert gouf fir Ufanksgehälter ze kierzen.
Och sollt d'Bewäertung am Stage annuléiert ginn. Soss kéinte sech déi zukünfteg Enseignanten net genuch op d'Kanner konzentréieren."

D'Enseignante fuerderen den Educatiounsminister Claude Meisch dozou op, de Stage ze reforméieren.