NewsGerannt, geflücht an an der Sakgaass gelant

Een Automobilist gouf bei enger Vitess-Kontroll am Tunnel Grouft mat 124 km/h erwëscht, erlabt sinn 90 km/h. De Chauffer hat well ee Fuerverbuet.

Leschten Update: 21.01.2019, 07:41:47

© Eldoradio

E Samschden den Owend géint 18h00 ass en Automobilist opgefall well en e gudde Strapp ze séier am Tunnel Grouft ënnerwee war. D’Police zu enger Course-Poursuite ugesat, huet des awer missen ofbrieche well de Risiko opgrond vun der héijer Vitesse ze grouss war.

De Mann gouf an der Tëschenzäit wéinst geféierlechem Fuerverhale gemellt a gouf spéider zu Rouscht fonnt. Dësen huet weiderhi probéiert ze flüchten, ass dobäi awer direkt an eng Sakgaass gefuer. An der Panik huet en dunn probéiert sech duerch eng Heck duerch d'Bascht ze maachen - ouni Erfolleg. De Chauffeur hat schonn e Fuerverbuet, de Won gouf confisquéiert.