News2 Leit stierwe bei Brand zu Courchevel

An der Nuecht op e Sonnden huet e Gebai am franséische Schi-Gebitt Courchevel ugefaange mat brennen. 2 Persoune sinn ëm d'Liewe komm.

Leschten Update: 20.01.2019, 17:05:36

© Fanny HARDY / AFP

Bei engem gréissere Brand sinn am franséische Schi-Gebitt Courchevel zwee Mënschen ëm d’Liewe komm. 22 Leit goufe blesséiert. D’Feier soll géint 4:00 ugefangen hunn an sech dunn esou séier ausgebreet hunn dass d’Leit deelweis aus der Fënster gespronge sinn – esou de Radiosender France Bleu. D’Ursaach vum Feier ass nach net gekläert. 70 Pompjeeë waren am Asaz, 60 Leit goufen evakuéiert. D'Ursaach vum Brand ass nach net gekläert.