News170 Flüchtlingen erdronk

Am Mëttelmier sinn tëscht Marokko a Spuenien nees zwee Booter mat Flüchtlingen ënnergaangen.

Leschten Update: 20.01.2019, 18:55:06

© FEDERICO SCOPPA / AFP

170 Mënsche si bei deenen zwee Schëffsonglécker ëm d’Liewe komm. 3 Leit konnte gerett ginn, an hu confirméiert dass hirt Boot no 11 Stonnen um Mier a Nout gerode wier. Virun allem déi italienesch Côte Garde steet elo ënnert Kritik, des soll ineffizient schaffen. D’Mataarbechter vun der lybescher Côte Garde solle souguer deelweis net op SOSen reagéieren, sou d’Sueddeutsche Zeitung.