NewsMéi Sécherheet op Facebook

Facebook wëll säin Image oppoléieren. Virun allem wat Sécherheet betrëfft soll Facebook aus de Feeler vun de leschten zwee Joer léieren.

Leschten Update: 20.01.2019, 18:53:56

© Lino Mirgeler / dpa / AFP

Zu München huet d’Geschäftsféierin Sheryl Sandberg nieft engem Fuerschungsprojet mat der Technescher Universitéit München (TUM) och e puer Ännerungen am Sécherheetsberäich ugekënnegt. D’User sollen zum Beispill méi Kontroll iwwert hir digital Privatsphär kréien. Och den Dateschutz soll däitlech verbessert ginn, donieft soll méi konsequent géint Haass a Manipulatioun vun der ëffentlecher Meenung op der Plattform duerchgegraff ginn.