NewsAutobomm an Nordirland explodéiert, 4 Leit festgeholl

De Brexit riskéiert den Nordirland-Konflikt nees opzewiermen. Et gouf eng Attack zu Londonderry.

Leschten Update: 21.01.2019, 07:48:57

© Paul FAITH / AFP

Nom Bommenuschlag e Samschdeg den Owend zu Londonderry an Nordirland geet d’Police dovunner aus, datt déi militant Gruppéierung „New IRA“ fir d’Attack responsabel ass. D’Police huet mëttlerweil 4 verdächteg Persoune festgeholl. D’Ermëttler gi vun engem Uschlag aus, well et virun der Explosioun eng Warnung gouf. De Sprengsaz war an engem Auto deponéiert, dee virun engem Geriichtsgebai am Zentrum vu Londonderry geparkt war. Bei der Explosioun gouf kee blesséiert.