
© Eldoradio
D’Problematik vum Flux vu Migranten an Asyl-Demandeuren an den Zich wier bekannt. Dat äntwert den zoustännege Minister François Bausch op eng parlamentaresch Fro. D’CFL hunn an deem Kontext schonn e puer mol op d’Police zeréckgegraff. Déi meescht Interventiounen waren op verschidden Zuchlinnen a Richtung Stad. Tëscht dem 1. Januar an dem 30. November 2018 wier et zu ongeféier 20 Interventioune vun der Police komm.