
© AFP/File/Damien Meyer
D’EU huet géint Mastercard eng Geldstrof an Héicht vu 570 Milliounen Euro verhaangen. Den Ubidder vu Kreditkaarten hätt Händler doru gehënnert, besser Konditioune vu Banken aus anere Länner vum EU-Bannemarché ze notzen. Doduerch wieren fir d’Clienten d‘Käschten an d’Luucht gaangen, heescht et en Dënschdeg vun der EU-Kommissioun.