
© AFP/PIERRE-PHILIPPE MARCOU
De Profi-Fussballer Cristiano Ronaldo ass en Dënschdeg wéinst Steierhannerzéiung zu enger Geldstrof vun 18,8 Milliounen Euro, an enger Prisongsstrof vun 23 Méint op Sursis zu Madrid veruerteelt ginn. De Ronaldo huet viru Geriicht zouginn, dat hien a senger Zäit als Spiller bei Real Madrid, am ganze 5,7 Milliounen Euro u Steieren hannerzunn huet. Mam Parquet hat hien am Virfeld een Deal ausgehandelt.