NewsD'EU huet näischt Neies zum Brexit ze soen

D'EU-Kommissioun gesäit an de jéngsten Äusserungen vun der britescher Premierministesch May iwwert de Brexit keng Beweegung a mécht och keng nei Offeren.

Leschten Update: 22.01.2019, 14:39:04

© AFP/Archives/EMMANUEL DUNAND

D’EU-Kommissioun mécht de Moment keng nei Offeren am Brexit-Sträit. Déi britesch Premierministesch May hätt an hirem Plang B e Méindeg näischt Neies gesot an dohier géif et och vu Bréissel aus näischt Neies ginn. Dat sot d'Margaritis Schinas, eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun en Dënschdeg zu Bréissel géintiwwer der Press. Groussbritannien misst elo séier klären, wéi d’Land sech den EU-Austrëtt Enn Mäerz virstellt.

Bei der Presentatioun vum Plang B sot d'Theresa May dat een am britesche Parlament ee Konsens misst fannen an dann nees mat der EU misst schwätzen. Bréissel schléisst Noverhandlungen iwwer d'Oftrëttsofkommes aus. Déi britesch Labour-Oppositioun huet antëscht virgeschloen, am Parlament iwwert een zweete Brexit-Referendum ofstëmmen ze loossen.