NewsJonk Beruffstäteger zu Lëtzebuerg vun Aarmut menacéiert

Jonker tëscht 18 an 24 Joer an Europa si besonnesch vun Aarmut betraff. Virun allem déi jonk Beruffstäteg zu Lëtzebuerg leie wäit iwwert dem Duerchschnëtt.

Leschten Update: 22.01.2019, 17:46:26

© Pexels

2017 waren 11% vu jonke Beruffstätegen tëscht 18 a 24 Joer an der Europäescher Unioun vun Aarmut menacéiert. Dat geet aus neien Zuele vun Eurostat en Dënschdeg ervir.

Deemno ass dëst e Minus vun engem Prozentpunkt par Rapport zu 2016.

Den héchsten Undeel ass dann a Rumänien gezielt ginn, dat mat iwwer 28%. Lëtzebuerg läit direkt hannendrun op Plaz 2 mat 20%. Dee niddregsten Undeel mat 1,5% gouf dann an Tschechien gezielt.