NewsBritesch Oppositioun fir Ofstëmmung iwwert 2. Referendum

D'Labour-Partei fuerdert d'Ausschaffe vun neie Proposen a Punkto Brexit, eng Ofstëmmung am Parlament an och e Referendum.

Leschten Update: 22.01.2019, 17:39:43

© AFP/Tolga AKMEN

Di britesch Labour-Partei huet eng Parlamentsofstëmmung iwwert en 2. Referendum proposéiert. An enger Motioun, déi d'Oppositiounspartei e Méindeg den Owend deposéiert huet, gëtt Zäit fir Berodunge gefuerdert.

Hei soll e Plang fir eng Zollunioun ausgeschafft ginn, domat sech Groussbritannien un en EU-Bannemaart banne kann. Iwwert dës Propose soll fir d'éischt Parlament, spéider dann d'Vollek ofstëmmen.

En anere Virschlag ass dann d'Verréckele vum Austrëttsdatum, dësen ass fir den 29. Mäerz 2019 fixéiert.