NewsPolicepatrull pëtzt Abriecher zu Péiteng

E Méindeg war an der Mëttesstonn zu Péiteng an en Haus agebrach ginn - e puer Stonne mi spéit konnten Abriecher gepëtzt ginn.

Leschten Update: 22.01.2019, 18:55:24

© Eldoradio

E Méindeg kuerz virun 20.30 Auer sinn zwou Persounen zu Péiteng vun enger Policepatrull kontrolléiert ginn. D'Kontroll ass unhand vun enger Täterbeschreiwung gemaach ginn. Dobäi huet sech erausgestallt, datt ee vun de presuméierten Täter an der rue Prinzenberg zu Péiteng am Laf vum Dag an en Haus agebrach war.

Engem Noper war den Abroch mëttes opgefall an hat d'Police informéiert. Déi beim Abroch geséchert Spure konnten och enger Persoun zougeuerdent ginn.

Bei béide gouf dann och Geschir wéi och geklauten Objete séchergestallt. Si koumen op Uerder vum Parquet virun den Untersuchungsriichter.