"Emoji 12.0"Dës nei Emojie kommen 2019

De weltwäiten Emoji-Gremium huet sech op insgesamt 230 nei Emojie gëeenegt. Dorënner nei Déieren - awer och Mënschen an all hirer Varietéit.

Leschten Update: 06.02.2019, 16:04:37

© Youtube Screen

De Unicode Consortium huet "Emoji 12.0" virgestallt. Schwéierpunkt vum Package mat am ganzen 230 neien Emojien, ass d‘Inklusioun vun Mënschen mat Behënnerungen. Et gëtt nei Emojie fir Aarm- a Beeprotheesen, Héiergeräter a Rollstullfuerer, ausserdeem e Blannenhond.

Et kommen awer och e puer nei Déieren dobäi wéi Orang-Utan, Flamingo, a Sténkdéier. Vill User stierze sech awer vrun allem op een zweedeitegt Symbol ma Numm „pinching hand“, wat dem Unicode Consortium no allgemeng als „Small amount“ gëllt. 





Di nei Emojie sollen am Mäerz eraus kommen. Bis si bei WhatsApp a Co. ukommen, wäert et allerdéngs nach e puer Méint daueren.