NewsLäich aus Fliger vum Emiliano Sala gebuerge ginn

Rettungsequippe konnten e Mëttwoch den Owend eng Läich aus dem Fliger biergen, mat deem de Sala den 21. Januar iwwert dem Äermelkanal erofgefall war.

Leschten Update: 07.02.2019, 07:59:28

© AFP/LOIC VENANCE

Aus dem Fliger, mat deem den argentinesche Fussballer Emiliano Sala iwwert dem Äermelkanal erofgefall ass, gouf elo eng Läich gebuergen. Dat huet déi britesch Fluchautoritéit AAIB confirméiert. D’Läich wier ënner schwierege Konditiounen aus dem Wrack gebuerge ginn. D’Identitéit vum Doudegen ass nach onkloer. D’Läich soll elo vun engem Geriichtsmedeziner ënnersicht ginn.

De klenge Fliger mam 28 Joer ale Fussballer an dem britesche Pilot war den 21. Januar um Wee vun Nantes op Cardiff ronn 20 Kilometer nërdlech vu Guernsey vum Radar verschwonnen. De Sala hat kuerz virdrun an enger Sproochnoriicht seng Angscht virun enger Katastroph geäussert.

© AAIB/AFP/HO